Skip to content Schätzt Är Immobilie hei

Äre Beroder schlechthin fir
d’Duerchféierung vu
gréisseren Immobilieprojeten.

D’Experte vun APOIDEA kenne sech mat de Lëtzebuerger Gesetzer
am Beräich vun den Immobilientransaktiounen aus.

APOIDEA ass bei der Evaluéierung vun Ärem Immobiliebestand
absolut onofhängeg

Profitéiert vun der Erfarung an de Kenntnesser vun eise Beroder an Dir kënnt sécher sinn, datt Dir iwwer all d’Optiounen, déi sech ubidden, informéiert sidd. Dir wielt déi Léisung, déi fir Är Situatioun am beschte gëeegent ass.

Dir sidd Proprietär vun engem Terrain, engem Appartements- oder Eefamilljenhaus? Dir wëllt Äre Besëtz rentabiliséieren oder Iech vun engem Deel dovun trennen?

Wéi och ëmmer Är Situatioun ass, APOIDEA ass deen ideale Partner, fir mat Iech all d’Optiounen duerchzegoen, déi Dir an Ärem Fall hutt. Eis Experten evaluéieren de Wäert vun Ären Immobilien op Basis vun der aktueller Situatioun um Maart a schaffen déi verschidde Léisungen aus, déi sech fir Iech op Grond vun Ärem Profil erginn. Well et dobäi dorëms geet, Är Intressien ze vertrieden, agéiere mir ëmmer an aller Transparenz.

evaluer-vos-avoir-immobiliers
as

Dir verkaaft Ären Terrain?
Apoidea vertrëtt Är
Interessien
!

Dir sidd Proprietär vun engem Terrain zu Lëtzebuerg a wëllt e gär verkafen? APOIDEA bitt Iech seng Servicer un, fir de reelle Wäert vun Ärem Terrain ze evaluéieren, ier en an de Verkaf geet.

Mir féieren detailléiert Studien duerch, fir d’Qualitéit vum Terrain an domat säi Wäert ze bestëmmen. Esou ass dee beschtméigleche Verkaf garantéiert Jee nodeem, ob Dir fir Är Immobilie e kuerz- oder laangfristege Verkafszäitraum upeilt, kënne mir Iech verschidde Léisunge mat engem exzellente Rendement proposéieren.

Mir zéien all Léisung

a Betruecht.

APOIDEA huet eng Aarbechtsmethodik entwéckelt, fir Iech all d’Méiglechkeeten, déi sech bidden, kënnen ze presentéieren.

  1. Mir setzen eis zesummen, fir iwwer Äre Projet ze schwätzen.
  2. Mir kucken, ob de Projet ëmzesetzen ass, a schaffe Léisungen aus.
  3. Mir presentéieren déi eenzel Léisungen.
  4. Mir setzen déi Léisung ëm, déi zeréckbehale gouf.
  5. Mir iwwerginn de Projet eventuell un d’Experte fir d’Entwécklung oder de Verkaf
    vun APOIDEA Group.

Wa mir zesummeschaffen, begleede mir Iech
duerch dee ganze Projet.

APOIDEA kennt sech aus,
wann et ëm de Verzicht op den Droit d’accession geet.

De Verzicht op den Droit d’accession ass eng originell Léisung, déi et Iech erlaabt, e rentable Projet unzegoen ouni dee geréngste Risiko.

De Prinzip ass relativ simpel. Als Proprietär verzicht Dir op Ären Droit d’accession zugonschte vun engem Investor, deen op Ärem Terrain baut. Soubal de Promoteur mam Verkaf vun den Immobilien, déi op Ärem Terrain gebaut goufen, ufänkt, kritt Dir e Prozentsaz vum Verkafspräis. Dës Spezialitéit vun APOIDEA ass ouni Zweiwel déi rentabelst Manéier, firen Terrain ze exploitéieren.

Mat eis zesummeschaffen heescht, datt mir Iech duerch dee ganze Projet begleeden.

defendez-vos-interets

Eng Synergie tëscht de Membere vum Grupp
APOIDEA fir Äre kompletten Immobilieprojet ze begleeden.

De Grupp APOIDEA huet den néidegen Know-how, fir Iech bei der Entwécklung
proposéierte Léisungen ze begleeden.