Skip to content Schätzt Är Immobilie hei

APOIDEA Konstruktioun,
Renovéierungsaarbechten
op Wonsch

Dir wëllt Är Wunneng frësch maachen? D’Buedzëmmer nei maachen, en Zëmmer ubauen, alles technesch op den neiste Stand bréngen oder baussent dem Haus Verbesserungen ubréngen? Wat Renovéierungsaarbechten ugeet, esou sinn Ärer Fantasie (bal) keng Grenze gesat.

Genéisst d’Gefill ze wëssen, datt Är Wunneng méi confortabel gëtt!

Wa mir Renovéierungsaarbechte bei eise Clienten ausféieren, ass et eis ëmmer eng Freed ze gesinn, datt se et kaum erwaarde kënnen, datt hir Wënsch Realitéit ginn.

Wa mir Renovéierungsaarbechte bei eise Clienten ausféieren, ass et eis ëmmer eng Freed ze gesinn, datt se et kaum erwaarde kënnen, datt hir Wënsch Realitéit ginn.

Mir wëlle Clienten, déi wärend dem ganze Projet zefridde sinn. Duerfir ass et fir eis selbstverständlech, datt Dir Är Wënsch a Besoine kënnt äusseren.

Mir huelen eis Zäit, fir Äre Projet ze diskutéieren, soen Iech, wat ëmzesetzen ass a wat net, a schaffen déi Léisungen aus, déi Ären Erwaardungen am beschten entspriechen.

D’Renovéierung vun Ärem Buedzëmmer – eng Plaz fir ze entspanen!

E Buedzëmmer soll eng Plaz sinn, wou een entspane kann, déi d’Intimsphär garantéiert, gutt beliicht a funktionell ass.

Wann een e Buedzëmmer renovéiere wëllt, da muss een dës Parametere berücksichtegen, fir datt een sech och an Zukunft do wuelfillt.

Eis Experte kënnen Iech duerch hir laangjäreg Erfarung hëllefen, eng adequat Wiel ze treffen. Ob bei der Wiel vun der Buedbidden, der Dusch, de Miwwelen oder dem techneschen Ekippement, fir datt Äert Buedzëmmer och an Zukunft fir Iech kamoud ze benotzen ass: Mir kënnen Iech an alle Punkte beroden.

La rénovation de votre salle de bain pour créer un véritable espace de détente
Travaux de remplacement de chaudière pour réaliser des économies à longs termes

Eng Chaudière ersetzen,fir laangfristeg Käschten ze spueren

Eng Chaudière ersetzen,fir laangfristeg Käschten ze spueren Wann een en Haus keeft oder scho méi laang an engem Haus wunnt, kann et interessant sinn, driwwer nozedenken, déi al Chaudière ze ersetzen.

Vun engem technesche Standpunkt aus gesinn hunn d’Heizsystemer an deene leschte Joren enorm evoluéiert. Duerch eng optimal Energieeffizienz, déi och deene méi strengen Ëmweltnorme gerecht gëtt, gëtt den Energieverbrauch reduzéiert.

Vun der Wärmepumpe iwwer d’Pellet-Heizung bis zum Kondensatiounskessel : Eis technesch Ekippe stinn Iech zur Säit, wann Dir Är al Chaudière wëllt ersetzen.

Fuitte fannen a séier an dauerhaft reparéieren

Bei engem Waasserschued oder Gasgeroch duerch eng Fuite muss ganz séier a virsiichteg reagéiert ginn.

Eis Ekippe sinn drop spezialiséiert, Fuitten ze fannen an d’Schied schnell ze behiewen, fir datt Dir erëm roueg kënnt schlofen.

Opgepasst! Wann et op eemol bei Iech no Gas richt, sollt Dir d’Wunneng oder d’Haus verloossen. Wa méiglech, dréit d’Haaptgasleitung zou a rufft d’Pompjeeën. Soubal alles sécher ass, këmmeren eis technesch Ekippen sech ëm eventuell Reparaturaarbechten an iwwerwaachen de Moment, wann alles erëm a Betrib geholl gëtt.

Détection de fuite et réparation pour un dépannage rapide et pérenne
L’agrandissement de votre maison pour un niveau de vie supérieur

Vergréisserung vum Haus
Verbesserung vum Liewensstandard

Mat engem Ubau erginn sech nei Perspektive fir d’ganz Famill. E Fachmann zu Rot zéie ka sënnvoll sinn. Wann Dir engem Expert Äre Projet ënnerbreet, kann hien Iech soen, ob Äre Projet ze realiséieren ass an Iech bei an Ären Demarchë beroden.

Eng Synergie tëscht de Membere vum Grupp
APOIDEA fir Äre kompletten Immobilieprojet ze begleeden.

De Grupp APOIDEA huet den néidegen Know-how, fir Iech bei der Entwécklung
proposéierte Léisungen ze begleeden.

enger kompetenter
Begleedung am Beräich
vun den Immobilien.

Eis Experte kontaktéieren