Wie si mir?
Berodung am Immobilieberäich, Begleedung bei Investissementer, Entwécklung vu Projeten, Konstruktioun vun Immobilien, Verkaf a Locatioun am Optrag vum Client: All dëst setzt eng eethesch Sensibilitéit viraus.
APOIDEA Immobilier steet op
engem Fundament vu staarke Wäerter
01.
Bescheidenheetam Ëmgang mat dem Client
Eis Mataarbechter an och d’Déngschtleeschter, déi fir eis schaffen, solle sech duerch e respektvollt Verhalen auszeechnen. Fir APOIDEA ginn d’Qualitéit vun de Leeschtungen an d’Zefriddenheet vum Client Hand an Hand mat eiser Fäegkeet, all Dossier mat Respekt an der gréisstméiglecher Bescheidenheet ze behandelen.
02.
Éischtklasseg Berodung an Ausféierung
Wéi och ëmmer Ären Optrag ausgesäit: Mir setzen alles drun, datt en esou perfekt wéi méiglech ausgeféiert gëtt. D’Zefriddenheet vun eise Gespréichspartner steet fir eis am Mëttelpunkt. Ob mir Iech a méi kriddelege Froe beroden oder Iech laangfristeg bei der Gestioun vun Äre verlounten Immobilie begleede sollen, eis Ekippe sinn duerfir do, fir Är Interessien ze verteidegen.
03.
En héije Stellewäert fir den Ëmweltschutz
Bei der Ausféierung vun de Projeten, mat deenen de Grupp APOIDEA betraut ass, steet de Schutz vum Ökosystem am Zentrum vun den Iwwerleeungen. D’Integréiere vun de Konstruktiounen an hir direkt natierlech Ëmgéigend, d’Uleeë vu Gréngflächen, d’Entwécklung vun engem moderne Konzept op Basis vun natierleche Materialien: All dës Techniken droen dozou bäi, eis Biosphär ze erhalen, a si Bestanddeel vun eiser Strategie.
04.
Respekt vis-à-vis vun eise Clienten a Partner
Ob et drëms geet, Clienten ze beroden oder d’Aarbechten um Schantjen ze iwwerwaachen: Wann een eng gutt Aarbecht wëllt maachen, muss een Erwaardungen an Knowhow iwwereneebréngen. Andeems mir all Säit opmierksam nolauschteren, schafe mir eng Vertrauensbasis fir d’Zesummenaarbecht mat eise Partner a Clienten.
05.
Diskretioun ass selbstverständlech
Et gëtt all Client e gutt Gefill, wann e weess, datt säin Dossier vun eis diskreet behandelt a säi Privatliewe geschützt gëtt. Mat APOIDEA sidd Der sécher, datt Äert Verméigen, Är Pläng an Är Projeten absolut vertraulech behandelt ginn.
06.
Eng nohalteg Begleedung
Mir sinn net nëmme proaktiv an de Léisungen an Déngschtleeschtungen, déi mir eise Clientë proposéieren, mir wëllen hinnen och eng nohalteg Begleedung bidden. Mir bleiwe permanent a Kontakt, fir datt si ëmmer iwwer alles informéiert sinn, wat sech an hirem Dossier deet.
D’Geschicht vum
APOIDEA IMMOBILIER
Fachkenntnesser an der Immobiliebranche,
déi sech op eng laang Familljentraditioun stäipen
Wann ee vun Traditiounsbetriber zu Lëtzebuerg schwätzt, da fält mat Sécherheet den Numm Rollinger. D’Famill Rollinger ass zënter méi wéi engem Joerhonnert ee vun de groussen Akteuren an der Lëtzebuerger Wirtschaft an huet hire visionäre Charakter schonn dacks ënner Beweis gestallt an d’Entwécklung vun der Baubranche zu Lëtzebuerg positiv beaflosst.
Mat der Schafung vun APOIDEA huet de Serge Rollinger en neit a visionäert Konzept realiséiert
2017 huet de Serge Rollinger mat CHAMELEON REAL ESTATE eng nei Säit an der Geschicht vum Familljebetrib opgeschloen.
Als verséierten Entreprener suergt de Serge Rollinger vun Ufank u fir déi Dynamik, déi den Erfolleg ausmécht. En definéiert kloer Objektiver, woubäi e sech op dee Beräich fokusséiert, deen e vu Grond op beherrscht: d’Konstruktioun vu klengen a mëttelgrousse Residenzen. Bei de Konstruktioune vum Serge Rollinger spillt d’Qualitéit eng grouss Roll. Duerfir si renomméiert Fachleit noutwenneg an déi geet sech de Serge Rollinger och sichen.
D’Resultater loossen net laang op sech waarden a CHAMELEON REAL ESTATE mécht sech séier en Numm als verlässleche Partner, un dee sech och aner Promoteure wenden, fir eng Rei vu Projeten op verschiddene Plazen am Land ze realiséieren.
APOIDEA IMMOBILIER
Grënnung vum
Gestäerkt duerch dësen Erfolleg breet de Serge Rollinger seng Presenz um Marché aus a grënnt MENG AGENCE am Joer 2019. Dës nei Gesellschaft soll dem Entreprener seng Visioun completéieren an en integrale Service am Beräich vun den Immobilientransaktiounen ubidden. D’Servicer, déi MENG AGENCE proposéiert, sollen d’Aktivitéite vu CHAMELEON ergänzen: MENG AGENCE këmmert sech ëm de Verkaf vun den Immobilien, déi CHAMELEON baut.
D’Visioun geet awer nach e Stéck méi wäit, well MENG AGENCE bitt zënter 2020 deenen, déi Proprietär vun enger vu CHAMELEON entwéckelter Immobilie sinn an dës fräiginn, un, sech ëm de Verkaf ze këmmeren. D’Synergie tëscht dëse Gesellschafte schaaft esou déi néideg Basis, op där de APOIDEA IMMOBILIER perfekt ka fonctionéieren.
Fachkompetenz
mat laanger Traditioun
De Serge Rollinger verdankt säin ausgepräägte Geschäftssënn virun allem senger Erfarung aus deene ville Joren, déi en am Familljebetrib matgeschafft huet.
2006 huet e säin Diplom als Wirtschaftsingenieur op der Universitéit vu Kaiserslautern gemaach a bei ROLLINGER WALFER de Service informatique iwwerholl. Parallel dozou huet en de Marketing- a Kommunikatiounsberäich opgebaut.
Eng rasant Entwécklung
bannent nëmmen e puer Joer
Ee wéi de Serge Rollinger leet d’Hänn net an de Schouss. En engagéiert sech mat Leif a Séil am Familljebetrib.
2008, wéi d’Gesellschaft hiren 100. Anniversaire feiert, gëtt hien den neien Administrateur délégué vu ROLLINGER WALFER a bereet déi nächst Etapp an der Entwécklung vu sengem Betrib vir, déi sech dann ee Joer drop konkretiséiert. 2009 spléckt en d’Gesellschaft fir déi zwee Jonge vum Firmegrënner, den NICO a MARCO ROLLINGER, op.
Nach am selwechte Joer setzt de Serge Rollinger nach eng drop: En decidéiert nach e Schrack weider Richtung Immobiliemaart ze goen a grënnt ROLLINGER VENTURE CAPITAL, déi Gesellschaft, déi um Ufank vu MENG AGENCE steet.
2010 schléisst de Serge Rollinger säi Master am Bank- a Finanzwiesen op der NY Stern University an der Luxembourg School of Finance of.
Tëscht 2011 an 2015 beweist sech de Serge Rollinger nach eemol als verséierten Entreprener a grënnt CHAMELEON (als Investmentinstrument) an APOIDEA. E schafft dernieft am Familljebetrib „ROLLINGER Chauffage Sanitaire“ mat.
2015 këmmert sech d’Managementteam ëm d’Gesellschaft ROLLINGER Chauffage Sanitaire; de Serge Rollinger iwwerhëlt eng Missioun fir den Europäeschen Investmentfonds, déi bis 2017 dauert.
D’Geschicht vun engem Betrib,
deem seng Wuerzelen
an d’lescht Joerhonnert zeréckginn
Dat, wat ee Joerhonnert méi spéit dem SERGE ROLLINGER säi Liewe beaflosse wäert, ass d’Grënnung vu LA MAISON BLUM duerch de François Blum zu Eech 1908.
Dës Firma, déi d’Grondlag ass vum Grupp ROLLINGER, wéi mer en haut kennen, konnt iwwerliewen, well d’Ierwe vum François Blum d’Aarbecht weidergeféiert hunn.
No méi wéi 40 Joer Aktivitéit floréiert de Mammebetrib ëmmer nach, an dat ënner der Leedung vum HENRI ROLLINGER, deen d’Rudder 1951 iwwerhëlt.
1960 klëmmt de Familljebetrib an d’Immobiliegeschäft an a bedeelegt sech un der Konstruktioun vun engem éischte Wunnkomplex.
Vun 1978 u schaffen den NICO an de MARCO ROLLINGER mat am Familljebetrib. D’Geschäft boomt an et gëtt méi Plaz gebraucht: De Betrib plënnert 1985 a méi grouss Büroen op WALFER.
2001 kënnt et zum Rebranding an d’Gesellschaft ännert den Numm a ROLLINGER WALFER.
Eng Synergie tëscht de Membere vum Grupp
APOIDEA fir Äre kompletten Immobilieprojet ze begleeden.
De Grupp APOIDEA huet den néidegen Know-how, fir Iech bei der Entwécklung
proposéierte Léisungen ze begleeden.