Skip to content Schätzt Är Immobilie hei

Bei CHAMELEON, Ärem Immobiliepromoteur, profitéiert Dir vu méi wéi engem Joerhonnert Erfarung.

Als Immobiliepromoteur ass CHAMELEON spezialiséiert an der Entwécklung vu Wunnquartieren an héichwäertege Méi- an Eefamilljenhaiser.

APOIDEA setzt Ären
Immobilieprojet zu Lëtzebuerg ëm

Duerch eis laang Traditioun am Immobilieberäich si mir an der Lag, Iech och bei grouss ugeluechte Projeten duerch de ganze Konstruktiounsprozess ze begleeden.

kënne mir Iech Terrainen an idealer Lag ubidden, déi sech fir d’Konstruktioun vu Wunnhaiser oder ganze Wunnquartieren eegenen.

Mir kennen eis mat de gesetzleche Bestëmmungen aus a sinn Expert an der Konstruktioun, soudatt mir vun der Demande fir d’Baugeneemegung bis zur Fäerdegstellung dee ganzen Knowhow hunn, fir Ären Investissement a flotte Wunnraum ze verwandelen.

chameleon-realisez-vos-projets-immobilier-luxembourg
investissez-dans-un-projet-vefa

Investéiert an e VEFA-Projet,
dee vu APOIDEA realiséiert gëtt

APOIDEA setzt och Projeten ëm, vun deenen Dir den Initiator sidd an an déi Dir gär géift investéieren. Wann Dir Iech fir e VEFA-Projet entscheet, dann hutt Dir e Kontrakt, deen Iech garantéiert, datt d'Konstruktioun zu Enn bruecht an d’Immobilie, déi Dir um Plang ausgesicht hutt, och fäerdeggestallt gëtt.

Dir dergéint engagéiert Iech, déi nei Wunneng ze kafen déi an all Punkt deem entsprécht, wat Iech presentéiert gouf D’Wunnfläch, d’Zuel vun den Zëmmeren, Ubauten, Ekipementer an aner gemeinschaftlech Raimlechkeeten oder Elementer sinn domat festgeluecht a gehéieren Iech bei der Receptioun vun Ärem Logement.

Är Familljeresidenz gëtt mat Hëllef vu APOIDEA Realitéit

D’Zäit ass komm, fir mat Ärer Famill an dat eegent Heem an eng Géigend ze plënneren, déi Iech gefält? D’Bauexperte vu CHAMELEON stinn Iech zur Verfügung, fir mat Iech de Wee zu Ärem zukünftegen Dramhaus ze goen.

Mir kënne mat Iech déi bescht Fachbetriber an déi néideg Materialien aussichen, mir si bei de Präisverhandlungen derbäi, kontrolléieren d’Aarbechten um Schantje bis zur Fäerdegstellung. Ausserdeem hutt Dir ëmmer déi selwecht Uspriechpersoun, déi Iech reegelméisseg iwwer d’Fortschrëtter um Bau informéiert.

Kontaktéiert eis Leit fir d’Immobiliekonstruktioun a profitéiert vun enger
professioneller Ënnerstëtzung beim Bau vun Ärem Heem.

APOIDEA proposéiert Iech d’Iwwerwaachung vun de Bauaarbechte wärend der Dauer vum Projet

Berodung a Machbarkeetsstudie vun Ärem Projet

E Bauprojet hänkt ëmmer vu villen externe Faktoren of. Jee nodeems, wou Dir baue wëllt, sinn eng Rei administrativ Prozeduren a Geneemegungen noutwenneg.

Dës éischt Etapp ass kruzial fir kënnen de Kader ze setzen, an deenen de Projet soll ëmgesat ginn. Mir kënne méiglech Contrainten direkt mat abezéien, fir e realistesche Projet mat engem flëssegen Oflaf ze garantéieren, an dat vum éischte Fiederstréch un.

D’Experte vu APOIDEA stinn Iech zur Verfügung, fir sech mat Iech iwwer Äre Projet auszetauschen.

APOIDEA këmmert sech ëm d’Locatioun oder de Verkaf vun Ärem Immobilieprojet

AGENCE IMMOBILIER begleet Iech beim Verkaf oder dem Verloune vun den Immobilien, déi zu Ärem Immobilieprojet gehéieren.

Als Leit vum Fach kënne mir Iech optimal begleede beim Verkaf vu fäerdegen Immobilien ewéi och bei Ärem VEFA-Projet, andeems mir hei fir Iech Investore fannen.

Frot Iech d’Begleedung vu MENG AGENCE fir d’Gesamtgestioun vun Ärem Immobilieprojet.

Wëllt Dir en Immobilieprojet zu Lëtzebuerg entwéckelen?
Kontaktéiert eis Experte vu APOIDEA!

  • Bei Ärem Projet geet et ëm

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Eng Synergie tëscht de Membere vum Grupp
APOIDEA fir Äre kompletten Immobilieprojet ze begleeden.

De Grupp APOIDEA huet den néidegen Know-how, fir Iech bei der Entwécklung
proposéierte Léisungen ze begleeden.