Skip to content Schätzt Är Immobilie hei

Apoidea Invest begleet a beréit Iech, wann Dir gär am Immobilieberäich wëllt investéieren.

Apoidea Invest verfügt iwwer eng laangjäreg Erfarung an huet déi verschiddenst Partnerschaften initiéiert, fir Immobilieprojeten ze realiséieren. Des Weideren ass Apoidia zënter 2011 fir hire fachlechen Knowhow bekannt, wat Finanzéierungsmodeller fir Immobilien ugeet, déi dem Profil vun de Partner ëmmer ugepasst sinn.

Ausserdeem beréit Apoidea Proprietairë vun Terrainen zu Lëtzebuerg, déi hir Parzell duerch en Immobilieprojet wëlle rentabiliséieren, a puncto Verméigensverwaltung.

Eis Leeschtunge bei enger Finanzéierungspartnerschaft fir en Immobilieprojet

  • Sich no Bauland a Projeten
  • Analys vun deem, wat méiglech a machbar ass
  • Verhandlung beim Kaf vu Bauland
  • Finanzéierungsstruktureierung
  • Duerchféierung vum Kaf
  • Entwécklung a Fërderung vum Projet
  • Verkaf vun den entwéckelte Projeten oder Gestioun vu VEFA-Projeten (jee no Finanzéierungsmodell)
  • Gestioun vun de Liwwerungen am Kader vun engem VEFA-Projet
  • Gestioun vun de Verkafsopträg vun de gebauten Unitéiten (baussent dem VEFA-Kader)

Mir proposéieren ënnerschiddlech
Finanzéierungsmodeller

Fir Qualitéitspartnerschafte mat Investoren ze fërderen, déi an dësem Beräich Erfarung opweises hunn, proposéiert Apoidea Invest verschidde Participatiounstyppe fir ënnerschiddlech Profiller.

1. Realisatioun vun engem Immobilieprojet a Form vun enger Associatioun op beschränkten Dauer

Dëse Finanzéierungsmodell baséiert sech op eng Associatioun, déi just fir eng kuerz Zäit gegrënnt gëtt. D’Membere vun dëser Associatioun doen sech hei zesummen, fir e Projet bis zum Enn duerchzeféieren. Wat si abrénge sinn eege Kompetenzen a méi materiell a personell Mëttelen.

D’Etappe vun dësem Modell:

  1. Grënnung vun enger Associatioun op beschränkten Dauer duerch d’Haaptakteuren
  2. Opsetze vum Cahier des charges mat de Vertragsbedingunge fir all d’Partner vum Projet
  3. Realiséierung vum Projet a Verkaf
  4. Opdeelung vum Benefice tëscht de Partner an Opléisung vun der Associatioun op beschränkten Dauer
defendez-vos-interets

Gréisser Projeten, déi vun Apoidea & Partner ënnert enger
Associatioun op beschränkten Dauer realiséiert goufen:

Buschdorf

Weidingen

Elvange

Hosingen 1M

Hosingen 1R

Hosingen 3

Zënter datt et dës Méiglechkeet zu Lëtzebuerg gëtt, proposéiert Apoidea Invest och Partnerschaften op Basis vun enger Kommanditaktiegesellschaft. Interesséiert? Kontaktéiert eis

Op der Sich no enger Qualitéitspartnerschaft? Kontaktéiert eis, fir d’Modalitéite vun eiser professioneller Zesummenaarbecht ze definéieren.

chameleon-realisez-vos-projets-immobilier-luxembourg

2. Immobiliefinanzéierung a Form vun engem patricipativen Kredit

Investore kënne sech u verschiddene vun eise Projete bedeelegen, an zwar a Form vun engem patricipativen Kredit. Bei dësem Modell stellt den Investor dem Bauhär Finanzmëttelen zur Verfügung.

D’Etappe vun dësem Modell:

  1. Den Investor stellt dem Promoteur Finanzmëttelen zur Verfügung beim formellen Ofschloss vun der Partnerschaft.
  2. Eng Entschiedegung gëtt un d’Investoren a Form vun Zënse wärend der Entwécklung vum Projet ausbezuelt.
  3. Eng Gewënnbedeelegung gëtt nom Verkaf vum Projet ausbezuelt.

Och wann Apoidea Partnerschafte mat gréisseren Investoren, déi Erfarung matbréngen, privilegiéiert, sou ass dëse Finanzéierungsmodell awer interessant fir all d’Profiller, déi gär mat Gewënn investéiere wëllen.

Interesséiert Dir Iech fir dës Form vu Finanzéierung? Kontaktéiert eis, mir beroden Iech, wann Dir Iech e rentabelen Immobiliebesëtz wëllt opbauen.

3. Immobilieprojeten am Kader vum Verzicht op den "Droit d’accession"

Dësen Typ vu Partnerschaftsprojet gëtt tëscht dem Expert fir Immobilienentwécklung an dem Proprietaire, dee seng Grondstécker valoriséiere wëllt, ofgeschloss.

Dat Ganzt baséiert grosso modo op dem Verzicht op den "Droit d’accession". An anere Wierder: De Proprietaire vum Bauland vertraut dem Promoteur eng vu senge Parzellen un, deen dann op deem Grond de Projet entwéckelt, deen am Partnerschaftsvertrag festgeluecht gouf.

D’Etappe vun dësem Modell:

  1. 1. Déi bebaubar Zon gëtt identifizéiert; de Proprietaire verzicht op den "Droit d’accession" an d’Baurecht (droit de superficie).
  2. De Projet gëtt virgestallt; am Vertrag ginn d’Indemnitéite festgeluecht, déi de Proprietaire um Enn vum Projet kritt, duerch den notarielle Verkaf vu sengem Undeel vum Terrain.
  3. De Promoteur developpéiert de Projet op der Parzell vum Proprietaire.
les-plus-beaux-biens-du-luxembourg

Dëse Partnerschaftsmodell tëschent Proprietaire a Promoteur ass besonnesch interessant fir d’Partner. Dem Promoteur säi Virdeel läit doranner, datt e Bauland zur Verfügung huet, fir säi Projet ze realiséieren.

De Proprietaire sengersäits profitéiert vum techneschen, logisteschen a kaufmänneschen Knowhow vum Promoteur, fir en Immobilieprojet duerchzezéien, deen him eng substanziell Plus-value op senger Parzell bitt.

Wëllt Dir Ären Terrain duerch Bebauung rentabiliséieren? Kontaktéiert eis fir en onverbindlecht Gespréich iwwer déi verschidde Méiglechkeeten, déi sech ubidden.

Eng Synergie tëscht de Membere vum Grupp
APOIDEA fir Äre kompletten Immobilieprojet ze begleeden.

De Grupp APOIDEA huet den néidegen Know-how, fir Iech bei der Entwécklung
proposéierte Léisungen ze begleeden.